Um Mëttwoch sollen eng éischte Kéier Astronaute mat enger Rakéit vun enger privater Entreprise bei déi international Weltraumstatioun ISS bruecht ginn.

D'Rakéit ass vun der Entreprise SpaceX, déi dem Tesla-Grënner Elon Musk gehéiert. 

Wann d'Missioun e Succès gëtt, kéint déi amerikanesch Weltraumagence NASA an Zukunft op SpaceX-Rakéiten zeréckgräifen.

A wier esou méi onofhängeg vun de russeschen Sojus-Rakéiten.