Als Stéchdatum schléit Italien de 15. Juni fir.

D'Grenze bannent Europa sollen alleguer mateneen erëm opgoen an dat beschtefalls de 15. Juni, esou d'Fuerderung vun Italien. Den italieneschen Ausseminister Luigi Di Maio wéilt sech fir eng gemeinsam Approche asetzen.

Däitschland hätt wëlles, de 15. Juni d'Grenzen erëm opzemaachen a wier dowéinst mat Éisträich, Italien an aneren Nopeschlänner am Gespréich. Enn der Woch gi sech iwwerdeems weider Annoncen erwaart, wéi Touriste bannent Italien dierfe reesen.

Aktuell ass dat nach limitéiert, well verschidde Regioune ganz schlëmm vun der Corona-Pandemie getraff gi waren.