D'Police huet zu Oochen déi zwee Männer erwëscht, déi sech e Méindeg an der Psychiatrie zu Bedburg-Hau an Däitschland duerch d'Bascht gemaach haten.

Ee vu béiden ass elo dout. Si hunn, um Territoire vun enger Schoul, eng Fra menacéiert, d'Police war op der Plaz an et si Schëss gefall.

Eng Kugel huet ee vun de Männer erwëscht an hien ass nach op der Plaz gestuerwen.

De Parquet vun Oochen huet eng Enquête ordonéiert.