Genee dee Projet de loi gëtt international kritiséiert an hat de leschte Weekend nees fir nei Masseprotester an der Sonderverwaltungszon gesuergt.

Trotz Sanktiounsdreeunge vun den USA huet de Vollekskongress a China d'Pläng fir dat ëmstriddent Sécherheetsgesetz fir Hongkong accordéiert. Eleng ee vun de bal 3'000 Deputéierten huet géint d'Gesetz gestëmmt, 6 hu sech enthalen. D'Gesetz ass eng Reaktioun op déi pro-demokratesch Demonstratiounen an der autonomer Stad. Et kéint schonn am August a Kraaft trieden.

Wat war geschitt?

Zanter dem Summer 2019 sinn ëmmer nees Dausende Mënschen an der Finanzmetropol op d'Strooss gaangen, fir géint d'Regierung, géint den Afloss vu China a géint d'Policegewalt ze protestéieren. Ausgeléist goufen d'Demonstratiounen deemools, wéi d'Regierung vun Hongkong e Gesetzprojet proposéiert huet, dat et erlaabt hätt, Leit u China auszeliwweren.

Demonstratioun zu Hongkong am Oktober 2019 / © AFP

De Projet gouf am Hierscht zréckgezunn, ma d'Demonstratioune si weidergaangen an eréischt duerch d'Corona-Kris gebremst ginn. Den Dag virum Ufank vun der Versammlung vum Vollekskongress huet China dunn annoncéiert, iwwert et Sécherheetsgesetz fir Hongkong ze diskutéieren, wat nees fir massiv Protester gesuergt huet.

D’USA wollten eng Drénglechkeetssëtzung vum UNO-Weltsécherheetsrot zu deem Sujet beienee ruffen, wat China awer blockéiert hat. Duerch d'Gesetz gesinn d'USA Hongkong och net méi als onofhängeg vu China un an hunn dowéinst déi speziell Wirtschaftsrelatioune mat Hongkong op Äis geluecht.

"Et ass d'Enn vun Hongkong"

Am Parlament zu Hongkong ass et wärend de Berodungen iwwert dat neit Gesetz, géint de Mëssbrauch vun der chinesescher Nationalhymne, zu Tumult komm. D'Police an d'Pompjeeën hu missten intervenéieren.

D'Regierungscheffin vun Hongkong Carrie Lam begréisst d'Gesetz, pro-demokratesch Géigner vum Sécherheetsgesetz gesinn doran allerdéngs en onvergläichlechen Aschnëtt an d'Rechter vun de 7 Millioune Bierger zu Hongkong. Hongkong wier elo eng chinesesch Stad, wéi all aner, sot géigeniwwer der AFP d'Claudia Mo, Deputéiert am Legislativrot vun Hongkong, "Et ass d'Enn vun Hongkong".

D'Gesetz, datt de permanente Comité vum chinesesche Vollekskongress ouni d'Averständnis vum Legislativrot an d'Verfassung vun Hongkong aschreiwe kann, soll all Aktioun verhënneren, stoppen an ënnerdrécken, déi di national Sécherheet menacéiert. Domat gemengt sinn "de Separatismus, d'Subversioun, d'Preparatioun oder d'Ausféiere vun terroristeschen Aktivitéiten", sou wéi Aktivitéite vun auslännesche Kräften, déi en Amëschen an d'Affäre vun Hongkong géifen duerstellen.

Peking huet am Zesummenhang mat den Demonstratioune reegelméisseg "auslännesche Kräften" reprochéiert, wëllen Afloss ze huelen, virun allem amerikaneschen. Radikal Manifestante kréien dacks "terroristesch Aktivitéite" reprochéiert a Géigner vum chinesesche Regime "Subversioun".

Aktivisten gesinn hir Grondrechter a Gefor

D'Sécherheetsgesetz riicht sech also geziilt géint d'Aktivisten, déi als separatistesch oder terroristesch agestuuft ginn. Dat pro-demokratescht Lager zu Hongkong gesäit am Gesetz d'Enn vun der politescher Selbstbestëmmung vun der fréierer, brittescher Krounkolonie. De prominente pro-demokrateschen Aktivist Joshua Wong sot, mam Gesetz géifen déi demokratesch Beweegungen Doud gemaach ginn.

Den Joshua Wong verdeelt Flyeren géint d'Sécherheetsgesetz / © AFP

Et wéilt een Demokratie a Fräiheet fir Hongkong, sou wéi et d'Verfassung virgesäit. Do steet, dass d'Bierger vun Hongkong dat allgemengt, direkt Walrecht kréie sollen. Nodeems d'Stad virun 20 Joer u China iwwergaangen ass, wier awer näischt méi geschitt, heescht et vun den Aktivisten. Au contraire, et géing ëmmer méi versicht ginn, d'Mënschen an Hongkong z'ënnerdrécken.

Och e Mëttwoch den Owend koum et nees zu Protester an Ausernanersetzunge mat der Police.

Polizisten zu Honkong e Mëttwoch / © AFP