D'Demonstranten fuerdere Gerechtegkeet nodeems de 46 Joer alen Afroamerikaner George Floyd no Police-Brutalitéit ëm d'Liewe koum.

An der US-amerikanescher Stad Minneapolis ass et op en Neits zu Demonstratioune géint Policegewalt komm. D'Leit hu fir d'Zweet hirer Roserei Loft gemaach, wéinst dem Dout vun engem Afroamerikaner no engem Policeasaz. D'Demonstranten hu sech virun deem Policebüro versammelt, an deem déi 4 Beamte geschafft hunn, déi wéinst dem brutalen Ëmgang mam 46 Joer alen Affer entlooss goufen.

Iwwerdeems hëlt d'Roserei iwwert dëse weidere Fall vu Policebrutalitéit ëmmer weider zou. An engem Video ass ze gesinn, datt ee wäisse Beamte méi wéi 5 Minutte laang um Genéck vum Mann knéit, obwuel dee keimt, e géif keng Loft méi kréien. Den George Floyd ass kuerz drop am Spidol gestuerwen.

No der Demonstratioun soll et verschiddene Medien no zu Abréch a Butteker an e puer Bränn komm sinn. D'Police hätt Tréinegas agesat. De Gouverneur vum Bundesstaat Minnesota Tim Walz huet vun enger "extrem geféierlecher Situatioun" geschwat an d'Leit opgefuerdert, d'Géigend ze verloossen. Iwwer Blesséierter oder den Ausmooss vum Schued gouf zäitno näischt bekannt.

Och an aneren US-Stied, wéi Los Angeles a Memphis, sinn d'Leit um Mëttwoch Owend wéinst dem Doud vum George Floyd op d'Strooss gaangen. Den US-President Donald Trump hat de selwechten Dag wéi de Floyd gestuerwen ass eng Enquête ordonéiert. Hien huet den Doud als "ganz traureg an tragesch" bezeechent. Déi demokratesch Senatorin Kamala Harris huet d'Handele vum Policebeamten als "Folter" bezeechent a vun enger ëffentlecher Hiriichtung geschwat. Leider wieren déi Zort vun Erfarungen zanter Generatioune Realitéit vu schwaarzen Amerikaner.

Och eng Rei Profi-Athleten hu sech zu Wuert gemellt, fir den Doud vum George Floyd ze condamnéieren. Den George Floyd wier ermort ginn, esou den NBA-Spiller Stephen Curry op Instagram. Och hie schwätzt vun ëmmer där selwechter Realitéit.

Ëmmer erëm kënnt et zu Policegewalt géint Schwaarzer an den USA, virun allem jonk schwaarz Männer sinn iwwerduerchschnëttlech dacks Affer. An de leschte Joren hunn notamment d'Doudesfäll vum Eric Garner, Tamir Rice, Freddie Gray, Michael Brown an Trayvon Martin an de Vereenegte Staaten an international fir entsate Reaktiounen a Protester gesuergt. Déi international Beweegung "Black Lives Matter" setzt sech géint Policebrutalitéit géint Schwaarzer an an huet mat dofir gesuergt, datt déi Nimm bekannt gi sinn.

Wéinst de Protester zu Minneapolis an den USA kënnt elo d'Nationalgarde an den Asaz an den Noutstand gouf ausgeruff. Demonstranten a Police waren an der Nuecht op e Freideg ferm uneneegeroden.

Den US-President huet no den Debordementer zu Minneapolis mat Konsequenzen gedreet. An engem Tweet huet den Donald Trump geschriwwen, d'Arméi wier prett fir an den Asaz ze goen. Et géif geschoss ginn wa Geschäfter geplëmmt géife ginn.