Matten an der Corona-Pandemie wëlle sech d'USA aus der Weltgesondheetsorganisatioun zeréckzéien.

Nodeems hien d'Organisatioun laang kritiséiert huet, huet hien e Freideg Neel mat Käpp gemaach. Den US-President Donald Trump huet an enger Pressekonferenz annoncéiert, dass d'USA sech aus der Weltgesondheetsorganisatioun zeréckzéien.

D'WHO wier komplett ënnert der Kontroll vu China, obschonn déi finanziell Contributioun vun de Chinesen un d'Organisatioun wesentlech méi kleng wär, wéi déi vun den USA.

Aktuell bezilt China eng 40 Milliounen Dollar, wärend d'USA ronn 450 Milliounen Dollar bäisteieren. Ausserdeem hätt d'WHO déi gefuerdert Reformen net ëmgesat, esou de Reproche vum US-President, deen och dovun iwwerzeegt ass, dass d'WHO China derbäi gehollef huet, d'Envergure vun der Coronavirus-Pandemie uganks ze verschleieren.