Och eng Woch nom trageschen Doud vum George Floyd ginn déi massiv Protester géint Rassismus a Police-Gewalt uechter d'Land ongebremst weider.

Déi 6. Nuecht an der Suite sinn dobäi och Demonstrante mat de Forces de l'ordre uneneegeroden. Op ville Plaze goufe Gefierer an Haiser a Brand gestach a Butteker ausgeraibert. Op d'mannst 40 Stied hunn dowéinst an der Nuecht Ausgangsspären ordonéiert.

Eenzeg konkret Reaktioun vum President Donald Trump ass d'Annonce, déi anti-faschistesch Organisatioun Antifa als terroristesch Gruppéierung anzestufen. A sengen Ae si lénksradikal Gruppe responsabel fir d'Ausschreidungen uechter d'Land.

Protester an iwwer 30 US-amerikanesche Stied
D'Protester ginn och ëmmer méi brutal. Zu Jacksonville a Florida krut e Polizist mat engem Messer an d'Nuque gestach. De Mann ass schwéier blesséiert an d'Spidol komm. Den zoustännege Sheriff huet iwwerdeems erkläert, dass d'Protester de ganzen Dag iwwer ganz friddlech gewiescht wieren, mat enger 1.200 Leit a Famillen. Ma wéi déi net méi do waren, wier et lassgaange mat den Eskalatiounen an der Gewalt.

Zu Indianapolis ass et esouguer zu enger Schéisserei komm, bei där eng Persoun ëm d'Liewe koum an zwou Persoune blesséiert goufen. An Tëscht sinn där Protestaktiounen a méi wéi 30 Stied queesch uechter d'Land.

Blesséiert Journalisten

Eegenen Aussoen no goufen zwee Reporter vun der Noriichtenagence Reuters e Samschdeg den Owend zu Minneapolis vu Patrounen aus Gummi getraff. Polizisten hätte wëssentlech op si geschoss. Déi zwee Reporter wäre kloer als Membere vun der Press ze erkenne gewiescht.

D'Opname vum Kameramann Julio-César Chavez weisen, wéi e Polizist direkt op hien zielt. Minutten duerno wären de Chavez an de Sécherheetsberoder vu Reuters Rodney Seward vun enger Patroun aus Gummi getraff ginn, wéi si sech bei enger Tankstell protegéiere wollten. Op den Opname wärend hirer Flucht si Schëss ze héieren. De Seward gouf am Gesiicht getraff, de Kameramann am Genéck. Allebéid hu se Blessuren op den Äerm.

E Spriecher vun der Policedirektioun vu Minneapolis, deen zu dësem Tëschefall befrot gouf, huet eng Kopie vun den Opname verlaangt. Soss wollt hien näischt soen.

De President huet iwwerdeems annoncéiert, decidéiert géint dës brutal Demonstrante wëlle virzegoen. D'Regierung hält d'Demonstrante fir Membere vun anarchisteschen a lénksextremistesche Gruppen, déi déi friddlech Protester nom Doud vum George Floyd ausgenotzt hunn.

De Gouverneur vu Minnesota a Minneapolis, Tim Walz, huet iwwerdeems annoncéiert, dass d'Nationalgarde vun alles an allem 13.000 Membere géif mobiliséiert ginn, fir géint d'Randaléierer virzegoen.

A Kalifornien huet de Gouverneur den Noutstand deklaréiert fir de Bezierk Los Angeles.

© AFP

E Méindeg ass de 46 Joer alen George Floyd, e schwaarzen Amerikaner, gestuerwen, nodeems e wäisse Polizist bal néng Minutte laang op sengem Genéck geknéit huet. An engem zweete Video, dee rezent publizéiert gouf, gesäit een, datt net just een, ma direkt dräi vu véier Beamten um Mann souzen. Een dovunner hat de Knéi an den Hals vum George Floyd gedréckt. De Mann hat nach ëm Hëllef geruff, ier en du vu sech war a kuerz drop am Spidol un de Suitte vun dësem Policeasaz gestuerwen ass.

Dësen, wéi CNN schreift, elo Ex-Polizist, war gutt um Video z'erkennen. De Mann gouf e Freideg verhaft, dat huet de Commissioner of the Minnesota Department of Public Safety John Harrington confirméiert. Kuerz drop huet de Parquet bekannt ginn, datt de Mann wéinst Doudschlag ugeklot ginn ass.