No ronn 19 Stonnen ass de Wonsch vu SpaceX an Erfëllung gaangen: der Kapsel vu SpaceX ass d'Undocken un d'ISS gegléckt.

De Robert Behnken an den Douglas Hurley waren déi éischt Astronauten, déi mat der SpaceX-Missioun an enger Falcon-9-Rakéit a Richtung ISS geschéckt goufen.

Hannert dem Depart stoung awer nach e grousst Fragezeichen. Wéi schonns e Mëttwoch hätt d'Meteo dem Projet op en Neits kënnen e Stréch duerch d'Rechnung maachen. Schlussendlech koum awer de Go. De Start um 21.22 Auer eiser Zäit war gegléckt an déi éischt Falcon-9-Rakéit zesumme mat zwee US-amerikaneschen Astronauten u Bord ass vum Cape Canaveral a Florida a Richtung ISS geschoss ginn.

Den US President Donald Trump, dee sech de Start zesumme mam Vizepresident Mike Pence aus sécherer Distanz ugekuckt huet, huet vun enger Inspiratioun geschwat: „Kee mécht dat esou wéi mir. Et ass groussaarteg, dëse Programm nees ze hunn. Et ass eréischt den Ufank. Den Ufank vu villen Projeten, déi nach kommen."

Stuf 1 vun der Falcon-9 Rakéit ass och no der Separatioun op enger Plattform gelant. Dat ass eng positiv Nouvelle. Esou ass et méiglech, déi eenzel Rakéitestécker nach eng Kéier ze benotzen, wat e wichtegen Deel vun der Strategie vun der privater Entreprise ass.

De Robert Behnken an den Douglas Hurley sollten no 19 Stonnen Vol un déi International Raumstatioun undocken. D'Kapsel „Crew Dragon" soll Manöver automatesch ausféieren. D'Astronaute kéinten awer am Noutfall per Touchscreen manuell agräifen.

E Sonndeg de Mëtteg um 16.16 Auer eiser Zäit war et dunn esouwäit: „Crew Dragon" konnt erfollegräich un d'ISS undocken. D'Erliichtung war grouss an no 9 Joer waren nees zwee US-amerikanesch Astronauten zu Gaascht op der ISS. Béid Männer solle ronn 1 Mount op der ISS bleiwen. Een US-amerikaneschen Astronaut ass schonn do stationéiert, genee ewéi zwee russesch Kosmonauten, déi am Oktober zeréck op d'Äerd komme sollen.

Zäitgläich gouf och eng nei Ära an der Raumfaart agelaut. Vun deenen nächste Joren u soll SpaceX alleguerten d'Flich Richtung ISS iwwerhuelen. D'Nasa wier doduerch net méi vu Russland ofhängeg a misst net méi op Sojus-Kapselen zeréckgräifen.

80 Milliounen Euro pro Flug huet Nasa missen an eng russesch Kapsel investéieren, wat net grad bëlleg war a mat Sécherheet och um Ego vun den USA gekraazt huet. Flich mat SpaceX kaschten an Zukunft nëmmen nach 55 Milliounen Euro.