Am éischte Vol zanter dem Ausbroch vun der Coronakris vun Däitschland a China souz eng Persoun, déi positiv op de Coronavirus getest gouf.

Déi ronn 180 aner Passagéier vun deem Vol mussen elo alleguer zwou Wochen a Quarantän. D'Passagéier ware Manager, Techniker, Journalisten an aner Leit, déi a China schaffen, zesumme mat hire Famillen.

De Vol vu Frankfurt op Tianjin war en Charterfluch, dee vun der däitscher Handelskammer organiséiert gouf.

Obschonn all d'Passagéier virum Depart op de Virus getest goufen, huet en zweeten Test bei der Arrivée erginn, dass e 34 Joer alen Ingenieur infizéiert ass.

Bis ewell hätt de Mann zwar nach keng Symptomer, ma hien ass doropshin an e Spidol fir Leit a Quarantän bruecht ginn.

An och déi aner Passagéier musse sech elo zwou Wochen an hirem Hotel isoléieren.

Domat hate si allerdéngs scho gerechent, well déi chinesesch Autoritéiten egal wéi eng präventiv Quarantän als Konditioun fir de Vol gesat haten.

Duerno gi si dann nach eng Kéier getest, ier si dierfe weiderreesen.