Testen, Noverfolgungen a Maske wieren d'Haaptfacteuren, fir d'Ausbreedung vum Virus ze verhënneren.

Virop wann asymptomatesch Virusträger Masken droen, kann de Risiko vun Iwwerdrounge gedréckt ginn.

An engem Bäitrag, dee Wëssenschaftler am Science Magazine publizéiert hunn, gëtt ënnersicht, wéi d'Verbreedung vum Virus kann ënnerbonne ginn.

De Sars-CoV-2 gëtt iwwer 3 Weeër iwwerdroen. Zu engem geréngen Deel iwwer Schmierinfektiounen, awer och iwwer Drëpsen an di sougenannten Aerosolen, déi méi laang an der Loft kënne schwiewen.

D'Wëssenschaftler aus den USA an Taiwan weisen, datt d'Maskendroen d'Zuel vun infektiéise Viruspartikelen an der Loft reduzéiert a sou och de Risiko vun Iwwerdroungen.

Souwuel chirurgesch Masken wéi och selwergemaachener hätten een Effet.  Dëst wier och eng vun den Erklärunge wisou asiatesch Staaten de Coronavirus méi séier ënner Kontroll kritt hunn wéi aner Länner, wou et grouss Ausbréch gouf.

Op dësem Bild gëtt gewisen, datt wa béid Parteien eng Mask unhunn eng Iwwerdroung am beschte ka verhënnert ginn.

Wéi vill Virus eng Persoun muss ausgesat sinn, fir och wierklech infizéiert ze ginn, ass den Ament net gewosst. Et géif allerdéngs Evidenz ginn, datt wat d'Viruslaascht méi grouss ass, ee méi schwéier krank gëtt. A wat ee manner Virus ausgesat ass, e méigleche Krankheetsverlaf méi mëll ass.