Net just an den USA, mä mëttlerweil weltwäit suergt den Doud vum George Floyd fir Protester.

Elo huet sech d'Hacker-Netzwierk zu Wuert gemellt an op hirer Facebook-Säit de Beamten d'Schold um Doud vum 46 Joer ale Mann ginn. Weider behaapt Anonymous, dass d'Police vu Minneapolis eng "schrecklech Erfollegsgeschicht vu Gewalt a Korruptioun" Opweises huet. "193 Mënsche goufe vun der Police ëmbruecht", heescht et am Video. Ee vun den Affer war zum Beispill de Philando Castile, dee bei enger Police-Kontroll erschoss gouf. De Fräisproch vum Täter hat landeswäit fir Protester gesuergt.

Den Doud vum Goerge Floyd wier just d'Spëtzt vum Äisbierg. Polizisten, déi Mënschen ëmbréngen a "Verbrieche beginn, mussen zur Rechenschaft gezu ginn", fënnt d'Hacker-Netzwierk. D'Gruppéierung fuerdert, dass net just den Derek Chauvin soll ugeklot ginn, dee wéinst Doudschlag (zweete Grad) festgeholl gouf, mä all bedeelegt Polizisten.

D'Vertrauen an d'Police vu Minneapolis wier verluer gaangen, sou nach Anonymous: et géing een all Kéier ëmsou méi rose ginn, wann ee gesäit, dass onnéidegerweis Blutt vergoss gëtt.

USA kommen net zur Rou

Och eng Woch nom trageschen Doud vum George Floyd ginn déi massiv Protester géint Rassismus a Police-Gewalt uechter d'Land ongebremst weider.

Déi 6. Nuecht um Stéck sinn dobäi och Demonstrante mat de Forces de l'ordre uneneegeroden. Op ville Plaze goufe Gefierer an Haiser a Brand gestach a Butteker ausgeraibert. Op d'mannst 40 Stied hunn dowéinst an der Nuecht Ausgangsspären ordonéiert.

© AFP

Camion rennt a Mënschemasse, Trump wéinst Protester a Bunker ënnerbruecht

Am Laf vun enger friddlecher Demonstratioun an der US-Stad Minneapolis ass e Camion an e Grupp vu Leit gerannt. An engem Video ass ze gesinn, wéi hien ongebremst an eng Mënschemasse fiert. Ob dëst gewollt war oder net, war ufangs onkloer.

Och virum Wäissen Haus ass d'Lag deelweis eskaléiert. E Freideg den  Owend goufe Barrikaden a Brand gesat. Wéi CNN schreift, wier den Donald Trump fir eng Stonn an engem Bunker ënnerkomm.

Jong vum Verstuerwene rifft zu friddleche Protester op

An engem Interview mat KBTX huet de Quincy Mason Floyd un d'Leit appelléiert, friddlech ze demonstréieren. Zäitgläich weist hie sech geréiert, dass esou vill Mënsche sech weltwäit géint Rassismus a Police-Gewalt asetzen.

© AFP

E Méindeg virun enger Woch ass de 46 Joer alen George Floyd, e schwaarzen Amerikaner, gestuerwen, nodeems e wäisse Polizist bal néng Minutte laang op sengem Genéck geknéit huet. An engem zweete Video, dee rezent publizéiert gouf, gesäit een, datt net just een, ma direkt dräi vu véier Beamten um Mann souzen. Een dovunner hat de Knéi an den Hals vum George Floyd gedréckt. De Mann hat nach ëm Hëllef geruff, ier en du vu sech war a kuerz drop am Spidol un de Suitte vun dësem Policeasaz gestuerwen ass.