Déi belsch a Lëtzebuerger Ausseministere sinn immens besuergt iwwert d’Onrouen an den USA.

De Philippe Goffin sot, hie wéilt sech net an den „internen Debat" an den USA amëschen. D'Belsch hätt awer ëmmer eng „ganz ferm Positioun géigeniwwer Akten, déi mat Rassismus ze dinn hunn". De Jean Asselborn ass der Meenung, et wier nach ni en US-President ginn, deen „d'Wierder net fonnt huet, fir ze calméieren".

Et wier eng extrem schwiereg Situatioun an de Lëtzebuerger Chefdiplomat hofft, datt op aner Stëmmen an den USA gelauschtert gëtt. Et kéint net sinn, datt den Drama ëm den Doud vum Afroamerikaner George Floyd ausgenotzt gëtt, fir der Police ze soen, se soll nach méi staark géint d'Leit virgoen. De Jean Asselborn ënnerstetzt natierlech och zu 100% d'Wierder vum Chefdiplomat vun der EU. De Josep Borrell sot, d'Europäesch Unioun wier schockéiert wéinst dem Doud vum Afroamerikaner George Floyd duerch Polizisten. Hien huet och zur Deseskalatioun an den USA opgeruff.

Poliziste bei George-Floyd-Protester ugeschoss

Den Doud vum George Floyd, an déi enorm Well vu Protest géint Policegewalt a Rassismus an den USA, ass och an der 7. Nuecht hannerteneen weidergaangen.

A ville Stied waren trotz Ausgangsspär, déi an iwwer 40 Stied gëllt, zeg-dausende Leit op der Strooss. Plazeweis goufen och nees Bränn geluecht, sech mat der Police ugeluecht, an och Butteker goufen deels geplëmmt.

Eng Partie Polizisten si bei den Ausernanersetzungen ugeschoss ginn. Zu St. Louis am US-Bundesstaat Missouri sollen der Police no 4 Beamte getraff gi sinn. D'Poliziste wieren an d'Spidol bruecht ginn, mee net liewensgeféierlech blesséiert ginn heescht et op Twitter.

An och zu Las Vegas ass wärend de Protester op e Polizist geschoss ginn.

Den US-President wëll vehement géint d’Protester virgoen, an huet an der Nuecht op en Dënschdeg bei enger kuerzer Usprooch am Wäissen Haus annoncéiert,  dass sämtlech zivil wéi militäresch Moyene géifen agesat ginn, fir "Gesetzlosegkeet", ze stoppen.

Dass Protester ausgenotzt géife ginn, fir anarchistesch Zich unzehuelen, dat wier eng Zorte Terror an eng Schan, wat een net géif akzeptéieren, sou den Donald Trump. Dofir goufen arméiert Zaldoten beispillsweis schonn zu Washington agesat.

D’Solidaritéit mat der Famill vum George Floyd ass iwwerdeems weider enorm. De fréiere Box-Weltmeeschter Floyd Mayweather wäert esou beispillsweis d’Begriefnis an d’Trauerzeremonie bezuelen.

Iwwerdeems gëtt d’Kritik um Krise-Management vum Donald Trump vu ville Säiten ferm kritiséiert. Vill Leit reprochéieren him, dass hie sech nach ëmmer net kloer derzou bekannt huet, dass d’Liewe vu Schwaarzer an den USA genee sou vill wäert sinn, wéi vun jidder Aneren. D’Protester sti jo ënnert dem Zeechen vu Black Lives Matter.

Den demokratesche Presidentschaftskandidat Joe Biden reprochéiert dem Trump iwwerdeems, d’Arméi géint dat eegent Vollek anzesetzen, an Tréinegas géint friddlech Demonstranten, heescht et op Twitter vum Biden.

Ee Polizist kritt Mord virgeworf, 3 anerer hu sech matschëlleg gemaach

Déi 3 Polizisten, déi als matschëlleg um Mord vum George Floyd ugesi ginn, sinn aktuell net verhaft. Si goufen aus dem Déngscht entlooss, dierfen awer aktuell doheem schlofen. De Polizist, deen de Mord virgeworf kritt, sëtzt dogéint awer am Prisong.

Op Nofro hin, wisou déi 4 Polizisten entlooss goufen, huet de Chef vun der Police vu Minneapolis CNN gesot, datt et verschidde absolut Wourechten am Liewe ginn. Eng dovunner wier, datt mer Loft brauchen, fir ze ootmen. Dowéinst wier de Mord vum George Floyd och eng absolut Wourecht. An esou hätt een net Wochen a Méint gebraucht, fir erauszefannen, wat passéiert wier, an et hätt een net missten de bürokratesche Wee goen. Wat geschitt wier, wier einfach nëmme falsch gewiescht. Déi aner Poliziste wiere Betraff, well se eben net agegraff hunn an dem Mann gehollef hunn.

Wéi et elo genau weidergeet, gesäit een no den Ermëttlunge vum FBI.

Manifestatioun och zu Lëtzebuerg

Via Facebook huet "Lëtz Rise Up" dozou opgeruff, e Freideg 5. Juni um 14 Auer bei enger Manifestatioun virun der amerikanescher Ambassade matzemaachen, dat ënnert dem Motto "Manifestation pour la justice". Bis 10 Auer um Dënschdeg de Moien hate schonn iwwer 500 Leit sech fir déi Maniff ugemellt.