Ëmweltschützer no wier dëst Joer a Russland schonn eng Surface sou grouss wéi Griicheland ofgebrannt.

Besonnesch betraff wier Sibirien. Greenpeace huet d'Situatioun mat Hëllef vu Satellittebiller ausgewäert. D'Organisatioun stellt gläichzäiteg déi offiziell russesch Statistiken a Fro. Et géingen nämlech just déi ofgebrannte Fläche consideréiert ginn, déi zum russesche Bëschfong gehéieren.