Eng 3.500 Mësche hunn e Samschdeg zu Berlin bei enger Demo matgemaach, déi ënnert dem Motto "Berlin Pride 2020" stoung.

D'Participantë si vum Nollendorfplatz iwwer d'Potsdamer Strasse bis op den Alexanderplatz marschéiert, dat fir d'Rechter vun de Schwulen, Lesben an Transgender-Mënschen. Déi offiziell "Christopher Street Day-Parad" de 25. Juli, mat zéngdausende Mënschen an diverse Party-Ween, gouf wéinst der Pandemie ofgesot.

De Spriecher vun der Police Thilo Cablitz huet géintiwwer dem Rundfunk Berlin-Brandenburg gesot, dass déi minimal Distanz plazeweis net agehale gouf. D'Participanten hätten de Beamten awer direkt gefollegt.