Bei enger Schéisserei an engem Lager vun der US-amerikanescher Chaîne Walmart sinn e Samschdeg op d'mannst zwou Persounen ëm d'Liewe komm.

Véier weider Persounen goufe blesséiert, dat huet e Spriecher vum Spidol de lokale Medie confirméiert.

Walmart huet dëse Virfall an engem Lager zu Red Bluff a Kalifornien géintiwwer dem Sender CNN bestätegt. Weider Detailer ginn et nach keng.