Vue datt kee vun den 11 Kandidaten eng absolut Majoritéit krut, gëtt et den 12. Juli eng Stéchwal.

Nodeems ronn 90 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt goufen ass den Titulaire Andrzej Duda vun der nationalkonservativer Regierungspartei PiS op ronn 45% komm, woumat hien déi absolut Majoritéit knapp verfeelt.

Ronn 29% vun de Stëmme krut den Oppositiounskandidat Rafal Trzaskowski. Hien ass Buergermeeschter vu Warschau a gouf vun der liberaler Biergerplattform opgesat.

30 Millioune Leit sinn a Polen walberechtegt a konnte bis e Sonndeg den Owend wiele goen. D'Walbedeelegung war grouss: Bal 48% vun alle Walberechtegten hunn hir Stëmm bis 17 Auer ofginn, deelt d'Walkommissioun mat. Dat ass däitlech méi wéi nach 2015: Do waren et ëm déi selwecht Auerzäit just 34%.

Éischte Prognosen no koum de konservative President Andrzej Duda e Sonndeg mat 41,8% op déi éischt Plaz, konnt sech awer net d'absolut Majoritéit sécheren. De Warschauer Buergermeeschter Trzaskowski koum op déi 2. Plaz mat 30,4% vun de Stëmmen. Fir den 12. Juli gëtt sech eng enk Course tëscht béiden erwaart.