Zu de Protester a ronn 60 Stied hate verschidde Gewerkschaften opgeruff.

"Mir wëllen, dass d'Land nees opgebaut gëtt. Mir brauchen en nationalen Accord, fir dass d'Pandemie net politesch instrumentaliséiert gëtt", sot de Chef vun der Gewerkschaft UGT, de Pepe Alvarez, bei der Demonstratioun zu Madrid der Noriichtenagence AFP.

Ëffentlech Déngschtleeschtunge misste verbessert ginn. Och wann den aktuelle Ministerpresident Pedro Sánchez zum Beispill mat der Aféierung vum Mindestloun méi fir d'sozial Gerechtegkeet gemaach hätt wéi seng Virgänger, géing et a Spuenien nach ëmmer vill Leed ginn, esou de Gewerkschaftschef weider.

An der Haaptstad Madrid ware méi wéi dausend Mënsche bei der Demonstratioun dobäi. Déi meescht vun hinne mat Schutzmasken.

D'Corona-Kris huet a Spuenien honnertdausende Mënschen an d'Aarbechtslosegkeet gedriwwen. E sozial gerechte Neistart wier elo ëm sou wichteg, fuerderen d'Demonstranten.