3 Méint nom éischten Tour, deen nach um Ufank vun der Corona-Kris ofgehale gi war, gouf et e Sonndeg e Rekord-Taux bei der Abstentioun.

Méi wéi 60% vun de walberechtegte Leit sinn net wiele gaangen.

La république en marche, vum President Macron konnt keng eenzeg gréisser Stad fir sech entscheeden. D'Wale ginn och als Vott iwwert dem Macron seng Politik ugesinn.

Zu Paräis wäert d’Anne Hidalgo Buergermeeschtesch bleiwen.

Déi Gréng kann een als déi grouss Gewënner ugesinn. Ënnert anerem zu Stroossbuerg, Lyon, Besançon, Marseille, Grenoble, Annecy, Bordeaux, Tours a Poitiers hu si d'Nues vir.

Zu Diddenuewen dierft de Pierre Cuny weiderhi Gemengepapp bleiwen, an och zu Lonkech wäert de Jean-Marc Fournel Buergermeeschter bleiwen, iwwerdeems zu Metz de François Grosdidier wäert iwwerhuelen.

Presserevue

Eng sougenannt "gréng Well" an d'Néierlag vum Emmanuel Macron am zweeten Tour vun de Gemengewalen a Frankräich dominéieren um Méindeg d'Reaktiounen an der franséischer an an der europäescher Press.

Den Eric Ewald huet duerch d'Zeitunge gebliedert.

„Déi Gréng sinn d'grouss Gewënner vun de Walen“ schreift «L'Alsace». D'Kandidate vun Europe Écologie - Les Verts wären dacks Alliéierter gewiescht vun der sozialistescher Gauche, wéi zu Lyon, Marseille a Bordeaux, hätten awer och z.B. zu Stroossbuerg a Konkurrenz gestanen zum PS. Déi Gréng hätten hir Wieler dovu kënnen iwwerzeegen, fir bei de Wale matzemaachen. An dës Gemengewalen hätten déi Gréng zum Glänze bruecht. Hänkt dat mat de Konsequenze vun der Gesondheetskris zesummen? Domat, dass d'Fransousen elo e wierklecht Bewosstsi fir Ëmweltfroen hunn? Oder ass et en allgemenge „big bang“? Wee versiche géif, op déi Froen z'äntweren, wär „casse-cou“, sou d'Zeitung aus dem Oste vu Frankräich.

«El Mundo» befaasst sech iwwerdeems mam franséische President. Den Emmanuel Macron hätt de leschte Mount schonn d'absolut Majoritéit am Parlament verluer, an dëst schlecht Walresultat géif hie weider ënner Drock setzen. De President misst elo handelen, ier et ze spéit wär. D'Presidentewale si fir 2022 ugesat. An dësem Fall géif eng einfach Regierungsreform, wéi s'erwaart gëtt, net genuch schéngen. A scho guer net, wann de Premier Édouard Philippe goe misst. Dee wär nämlech zur Zäit vill méi beléift wéi de Staatschef. Dass déi ganz Riets mat Perpignan eng éischt Stad vu méi wéi 100.000 Awunner eruewert hunn an de Virmarsch vun de Gréngen, woufir dat neit Bewosstsi vun de Bierger fir Phenomener wéi de Klimawandel an och de Coronavirus eng Roll gespillt hätten, wären déi zwee aner wichtegst Punkte vun deene Walen, mengt d'spuenesch Zeitung.