Ermëttler hunn iwwer 30.000 Leit am Viséier, déi Kannerpornografie besëtzt a verbreet, oder Kanner mëssbraucht hunn.

Dat huet de Justizminister aus Nordrhein-Westfale Peter Biesenbach e Méindeg zu Düsseldorf annoncéiert.

A Forumen a via Messenger hunn déi Kriminell oppen iwwert hir Mëssbrauchsdote geschwat, sech géigesäiteg ugeheizt an sech Tipps ginn.

D'Ermëttlungen haten am Oktober zejoert ugefaange wéi e presuméierten Täter zu Bergisch-Gladbach bei Köln festgeholl gouf. Wéi dem Mann seng Wunneng duerchsicht gouf, hu Beamte riseg Quantitéiten u kannerpornografeschem Material fonnt. Wéi dëst ausgewäert gouf, sinn d'Ermëttler ënnert anerem op Chat-Gruppe gefall mat bis zu 1.800 Participanten.

Iwwer 70 Verdächteger konnten a ganz Däitschland bis ewell mam Numm identifizéiert ginn.

Am Mee war en éischten Täter, en Zaldot vun 27 Joer zu 10 Joer Prisong verurteeltan op onbestëmmten Zäit an eng Psychiatrie agewise ginn.