De fréiere Premierminister François Fillon ass am Prozess ëm Verontreiung a Scheinbeschäftegung schëlleg geschwat ginn.

Wéi "Reuters" a "Le Monde" mellen, goufe de Fillon zu 2 Joer feste Prisong verurteelt, 3 weider Joer sinn op Sursis. Donieft muss hien eng Strof an enger Héicht vun 375.000 Euro bezuelen an hien dierf fir déi nächst 10 Joer net méi fir e politescht Amt kandidéierten.

Him gouf virgeworf seng Fra a seng Kanner jorelaang aus ëffentleche Mëttel als parlamentaresch Mataarbechter bezuelt hunn, ouni dass si dofir wierklech geschafft hunn.

D’Affär war matten am Walkampf vun den Presidentiellen 2017 opgeflunn. De favoriséierte Fillon huet sech doropshin als Spëtzekandidat vun de Konservativen zeréckgezunn an d’Wal goung un de Macron.

De 66 Joer ale Fillon wëll géint d'Uerteel an Appell goen.