D'Zeene wierke wéi aus engem schlechte Film: Demonstrante lafe laanscht en Haus zu St. Louis an eng Koppel mengt hiert doheem mussen ze verdeedegen.

Mat engem Gewier an enger Pistoul wollt eng US-amerikanesch Koppel Demonstrante vun hirem Terrain ewechhalen, andeems si d'Leit zilen. Dat Ganzt gouf gefilmt, de Video souguer vum US-President Donald Trump op Twitter gedeelt, antëscht awer nees geläscht.

D'Koppel fillt sech falsch verstanen, esou erkläre si hir Reaktioun. Iwwer hiren Affekot hu si ausgesot, d'Black-Lives-Matter-Beweegung z'ënnerstëtzen.

Op den Opname weisen dogéint e ganz anert Bild.

Demonstrante waren duerch eng oppe Paart op eng Privatstrooss geroden, si laanscht d'Villa vun der Koppel gelaf, déi doropshi mat Waffe géint d'Aktiviste virgaange sinn. Si hätte sech wéilte géint déi "rose Gruppéierung" wieren, hätten Angscht ëm hiert Liewe gehat. Donieft géing et kee Recht op Protester op private Stroosse ginn, sou e weidert vun hiren Argumenter.

Nach ass net kloer, ob d‘Paart, duerch déi d‘Aktivisten op d‘Privatstrooss gerode sinn, op war oder opgebrach gouf.

D'Demonstratioun huet sech géint d'demokratesch Buergermeeschtesch Lyda Krewson geriicht. Si hat an engem Live-Video op Facebook d'Nimm an d'Adresse vun deene Leit ëffentlech virgelies, déi gefuerdert haten, der lokaler Police d'Finanzéierung z'entzéien. D'Krewson huet sech spéider fir dës Aktioun entschëllegt.

D'Police huet iwwregens matgedeelt, dass géint d'Koppel net géif ermëttelt ginn, vill méi géing een wëlle géint déi verbal Attacke géint si virgoen an dem Verdacht, dass d'Aktivisten onerlaabt op hirem Terrain waren.

Aner Téin komme vun der Procureur vu St. Louis. D'Kimberly Gardner betount, et wier wichteg d'Recht op e friddleche Protest ze schützen. All Versuch dëst duerch Menacen z'ënnerdrécken, wier net toleréiert.