Am RTL-Interview gouf en Dënschdeg den Owend mam Lëtzebuerger Ausseminister iwwert de Konflikt am Noen Oste geschwat.

Den No-Ost Konflikt huet scho vill dramatesch, ewéi och paradox Tournuren erlieft. De grondsätzlechen Dilemma bleift awer deen nämmlechten: 2 Natiounen, 1 Land. Déi israelesch Regierung kéint net méi spéit ewéi e Mëttwoch domat ufänken, Deeler vum besate Westjordanland formell z'annektéieren, also zum Deel vum israelesche Staatsgebitt ze maachen. Dat op Beruffung op den ëmstriddenen No-Ost-Plang vum US-President Donald Trump. Trotz massive Protester vun de betraffene Palestinenser an och aus der EU, déi eng Annektéierung als Verstouss géint d'Vëlkerrecht gesäit.

Et war keen Zeeche vu Stäerkt, ma éischter Verzweiwlung: Dausende vu Palestinenser hunn den 22. Juni zesumme mat Diplomaten aus der ganzer Welt zu Jericho géint d'Annektéierung vun Deeler vun der West Bank protestéiert.

E Mëttwoch, den 1. Juli, ass de Startschoss vun den Diskussiounen am israelesche Cabinet, fir Deeler vum zanter 1967 besate Westjordanland formell ze annektéieren an zum israelesche Staatsgebitt ze erklären. E Réckschlag fir d'Zwee-Staaten-Léisung. An Europa warnen d'Politiker Israel virun der Annektéierung. Méi ewéi 1.000 Parlamentarier aus 25 Länner an Europa hunn d'lescht Woch e Protest-Bréif publizéiert, deen och un d'Regierung vun der EU geriicht ass. Doran heescht et, datt d'Annektéierung fatal Konsequenze fir de Fridden am Noen-Oste kéint hunn. D'Norme vun internationale Bezéiunge géifen a Fro gestallt ginn.

Aktuell liewen 3 Millioune Palestinenser a gutt 400.000 israelesch Siidler am Westjordanland. Politesch wier d'Annektéierung fir Palestinenser eng Katastroph. E schwéiere Schlaach fir de Palestinenser-President Mahmud Abbas a seng Fatah a weidert d'Brennholz fir d'radikalislamesch Hamas, déi bis haut vum Widderstand géint d'Existenzrecht vun Israel lieft. En arméierte Widderstand gouf am Virfeld schonn ugekënnegt.

Eng Konfrontatiounsgefor, déi ganz verschidden an der neier israelescher Koalitioun gehandhaabt gëtt. De Premier Netanjahu dréckt zanter 2019, de Verdeedegungsminister Benny Gantz, fréiere Géigner vum aktuelle Premier, wëll d'Annektéierung duerch d'Corona-Kris weider verréckelen. Eng Chance fir d'Spëtzt vun de Palestinenser, fir nach eng Kéier en direkt Gespréich mat Israel ze kréien.

Den Ament, fir de Staat Palestina unzëerkennen?

Wann et dozou kënnt, datt Israel um Mëttwoch ufänkt, Deeler vum besate Westjordanland z'annektéieren, da gëtt et fir de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn just eng Äntwert: "An deem Fall mussen esou vill wéi méiglech EU-Memberlänner sech iwwerleeën, ob et net den Ament wier, fir de Staat Palestina formell unzëerkennen." Dat sot de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie en Dënschdeg den Owend am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.

Déi Annexioune géife jo op Basis vum ëmstriddenen No-Ost-Plang vum US-President Donald Trump gemaach ginn. Wéi laang, datt hien nach President vun den USA ass, sief dohinner gestallt, den 3. November si bekanntlech Presidentiellen.

"Wa mer an den USA erëm e President hätten, deen internationaalt Recht an international Ofkommes géif respektéieren, da géifen et op der Welt och erëm bësse méi 'geuerdent' Verhältnisser ginn", esou de Jean Asselborn.

De Jean Asselborn iwwert de No-Ost-Konflikt - Rep. D. Rasqué

De Palestinenser gëtt hei en eegene Staat an Aussicht gestallt. En Detail vum Plang, dee bis ewell awer vun der israelescher Regierung gréisstendeels ignoréiert bleift. Allerdéngs gëtt vun israelescher, ewéi och palestinensescher Säit zanter Joren debattéiert, ewéi realistesch déi Zwee-Staate-Léisung iwwerhaapt nach ass.

EU-Presidence: No-Ost-Konflikt, Digitalisatioun a Klimaschutz als wichteg Sujeten


D'Situatioun am Noen Osten ass och eng vun den Erausfuerderunge fir Däitschland. Berlin iwwerhëlt jo um Hallefnuecht d'EU-Presidence.
Wichteg Sujete wärend deenen nächste 6 Méint sinn nieft dem Neesopbau no der sanitärer Kris an den Ae vum Lëtzebuerger Ausseminister de Klimaschutz an d'Digitalisatioun.

Wann et drëms geet, fir EU-Hëllefen ze verdeelen, betount de Jean Asselborn awer, kéinten net Milliarden a Milliarde verdeelt ginn, ouni datt d'Rechtsstaatlechkeet respektéiert gëtt. Dat kéint een net veräntweren. Do wier hie mam Premier Xavier Bettel op enger Linn.
Gemënzt ass déi Ausso fir Länner wéi Polen an Ungarn.

De Jean Asselborn zu den EU-Hëllefen

Et misst sech un d'Reegele vum Spill gehale ginn. Dat géif bedeiten, datt an all Land d'Medie musse fräi sinn, d'Justiz onofhängeg an d'Gewaltentrennung respektéiert.