D'Trëtzen si jo charakteristesch fir d'Ëmweltaktivistin Greta Thunberg. E ganz clever Automobilist huet elo domadder e "Witz" gemaach, deen elo deier gëtt.

Dass d'Ofneigung géint déi schwedesch Aktivistin keng Grenze kennt an zu deels oniwwerluechten Handlunge féiert, weist elo en extrem "intelligente" Fall an Däitschland. Trëtzen déi aus enger Mall vun engem Auto eraushoungen, hunn a Bayern a Groussasaz vun der Police ausgeléist. Passanten haten d'Police geruff, wéi se den Auto gesinn hunn, aus deem Hoer eraushoungen.

Majo et war weder e Mord nach eng Entféierung, mä eng Paréck, déi d'Hoer vum Greta Thunberg duerstelle sollten. Den 52 Joer alen Automobilist hat dës Paréck express a vir jiddereen offensichtlech montéiert, driwwer en Autocollant wou drop stoung: "Greta??? Nie gesehen".

Ma fir de schlechte Witz, dee scho peinlech genuch ass, muss de Mann elo knapp 1.300€ Euro Strof berappen. Et war net déi éischte Kéier dass de Mann negativ opgefall war an en Asaz bei der Police ausgeléist hat. 3 Woche virdru gouf schonn nom Auto gesicht. Hei war Satir da wuel definitiv u seng Grenz gestouss.