Am Kader vun den Ermëttlunge wéinst der Mëssbrauchsaffär vu Münster sinn antëscht 11 presuméiert Täter an Untersuchungshaft.

En 52 Joer ale Mann war en Dënschdeg bei enger Razzia virleefeg festgeholl ginn. De Mann aus Schleswig-Holstein soll wärend enger Interrogatioun seng Doten zouginn hunn, heescht et en Donneschdeg vun der Police vu Münster. Him gouf schwéiere sexuelle Kannermëssbrauch virgeworf.

Ufank Juni ass d'Police bei Ermëttlungen zu Münster op e ganzt Netzwierk vu pedophille Kriminelle gestouss.