US-Medie mellen, datt eng méiglech Komplizin vum Jeffrey Epstein an d'Duechter vum brittesche Mediemogul Robert Maxwell an den USA verhaft gouf.

Dem Ghislaine Maxwell gëtt virgehäit, datt si jonk Meedercher soll rekrutéiert hunn, fir dann ebe mam Epstein Sex ze hunn.

D'Ermëttlung an der Affär Epstein lafen och nach nom Dout vum fréieren Investmentbanker Epstein weider. Elo sicht d'Police no méigleche Komplizen, déi dem Sexualverbriecher solle gehollef hunn.

Den Epstein huet jorelaang mannerjäreg Meedercher a jonk Frae sexuell mëssbraucht an se zur Prostitutioun gezwongen. Schonn 2008 gouf hien dowéinst zu 13 Méint Prisong verurteelt a gouf dowéinst och op der US-Lëscht vu Sexverbriecher gefouert.

Virun engem Joer gouf hien eng weider Kéier verhaft a gouf kuerz drop dout a senger Zell fonnt. Den US-Justizministère hat deemools matgedeelt, datt hie sech d'Liewe geholl hat. Dem Multimillionär hätten am Fall vun enger Verurteelung bis zu 45 Joer Prisong gebléit.