Déi franséisch Regierung ënnert dem Premier Édouard Philippe ass zeréckgetrueden. Dat huet de Presidentepalais zu Paräis e Freideg wësse gedoen.

Nom groussen Echec vun der Macron-Partei "La République en marche" bei de Kommunalwalen a Frankräich leschte Weekend, war e Wiessel un der Spëtzt vun der Regierung ofzegesinn. De Macron war no där Néierlag ferm ënner Drock geroden.

E Freideg huet de Macron dunn de beléiften Edouard Philippe virleefeg duerch den onbekannte Fonctionnaire Jean Castex ersat.

3 Joer huet den Edouard Philippe dem Chef am Elysée trei gedéngt. Och a schwéieren Zäiten, wéi an der Phas vun de giele Gileten, der Pensiounsreform oder elo an der Pandemie, war den Edouard Philippe - dee méi riets steet wéi den Emmanuel Macron - ëmmer deen, deen aus senger Roll a sengem Mandat nach konnt Kapital schloen. Iwwerdeems de Macron an der Popularitéit ofgedaucht ass, huet hien zougeluecht. Massiv esouguer. Grad dat gouf him geféierlech an dowéinst huet hien nom Echec an de Kommunalwalen missen den Hutt huelen. Dass hien elo eréischt wierklech e Rival gëtt vum Macron a Punkto Presidentschaftswalen 2022 ass éischter de Fall, wéi dass hien am Hannergrond verschwënnt.

Den neie Mann ass de Jean Castex, e Fonctionnaire.

Bis viru kuerzem hat de Jean Castex den Opdrag den Deconfinement z’organiséieren. Elo wier eent vu sengen Ziler, eegenen Aussoen no, d’Land zesummenzebréngen. Zwee Joer Zäit bleiwen, fir ënner Beweis ze stellen, dass dat méi wéi eng Floskel ass. Zwee Joer an deenen de Macron sech elo schonn offiziell an de Walkampf lancéiert huet a sengem nach onbekannte Fonctionnaire d’Aarbecht iwwerléisst.

Bis den 8. Juli soll déi nei Regierungsekipp stoen.