De berüümte Koala gouf Paul gedeeft an e war ee vun den éischte Koalaen, deen aus de brennende Bëscher an Australien Enn 2019 gerett gouf.

D'Brandverletzunge waren awer wuel ze schlëmm fir d'Déier. De "Paul" ass e Sonndeg den 28. Juni gestuerwen. 8 Méint war en op der Intensivstatioun vum Port Macquarie Koala Hospital.

It is with a heavy heart that I let you know LINR Paul passed away on Sunday 28th June. Paul was the first koala...

Posted by Koala Hospital Port Macquarie on Tuesday, 30 June 2020

Vu Mëtt 2019 bis Ufank 2020 hu grouss Bëschbränn den Australier vill Misär gemaach. Et goufen och vill Déiere, wéi Koalaen, verbrannt oder liewensgeféierlech blesséiert. Et si 5,5 Milliounen Hektar Bësch verbrannt, dat ass ee Véierel vum Liewensraum vun de Koalaen.

Generell sinn d'Koalaen an Australien um Ausstierwen. Schonn 2050 kéinten et keng méi ginn. D'Parlament huet ënnersicht, wéi et em d'Déiere steet an d'Regierung wier elo dringend gefrot, fir z'intervenéieren.