D'Gewaltbereetschaft op der Balkanroute vum kroatesche Grenzschutz huet sech mam Opkomme vum Coronavirus souguer nach verstäerkt.

"Blockéiert um Balkan", dat war den Titel vun enger Reportage, déi mer Iech hei op der Antenn am Januar gewisen hunn. Et goung ëm déi desolat Flüchtlingssituatioun op der bosnesch-kroatescher Grenz, 4 Joer nodeems d’Balkanroute offiziell als "zou" deklaréiert gouf. Vill Froe sinn deemools opbliwwen, virun allem déi vun der Responsabilitéit vu Kroatien. D'EU an déi zoustänneg Ministeren hu sech extrem bedeckt gehalen. Vu Mënscherechtsorganisatiounen a verschiddenen EU-Deputéierten awer kritt Zagreb mëttlerweil Verbrieche géint d’Mënscherechter virgeworf. Et ass alles wéi kee Kavaléiersdelikt, an och d'EU ass hei mat an der Verantwortung. De Petz Bartz ass dem Thema nach emol nogaangen.

Déi meescht vun de Flüchtlingen a Migranten, deene mir beim Tournage op der Balkanroute am Januar begéint waren, sinn duerchkomm. Mir hu Kontakt behalen. De kranke Sadismus vum kroatesche Grenzschutz huet keng Friichte gedroen. Nawell huet mat der COVID-19-Kris d’Gewaltbereetschaft an d’Humiliatioun bei de sougenannte Pushbacks vu kroateschem Territoire zréck a Bosnien-an-Herzegovina nach zougeholl. Ëmmer nei Gruppe vu Leit, déi an der EU Asyl sichen, falen de Beamten zum Affer.

"Déi kroatesch Police huet mat Spraydouse rout an orange Kräizer op hir Käpp gesprëtzt. Et ass eng beonrouegend Entwécklung.", sou d'Jelena Sesar vun Amnesty International iwwert Skype. "Et goung drëms, déi Leit am Mount vum Ramadan ze humiliéieren. Den Niveau vun der Gewalt bei der kroatescher Police huet nach dramatesch zougeholl. Dat mécht ons Suergen. Wat ons nach méi Suerge mécht, ass dee komplette Silence dozou op Säite vun der EU, virun allem der Kommissioun, déi grouss Zomme Geld u Kroatien iwwerwisen huet, fir d’Grenzen ze sécheren."

Ons Recherche huet ons dobäi op Wetter an der Ruhr bei Dortmund gefouert. Et ass de Walkrees vum Dietmar Köster, engem EU-Parlamentarier, dee sech zanter dem Summer vum lescht Joer mat de Verbrieche géint Flüchtlingen a Migranten op der bosnesch-kroatescher Grenz befaasst.

"Die EU weiß seit Längerem von diesen Praktiken. Die Kommission hat die Aufgabe, als Hüterin der Verträge, die Grundrechte einzuhalten. Und wenn in einem europäischen Mitgliedsstaat diese Grundrechte nicht eingehalten werden, muss die Kommission agieren. Leider bestätigt sich auch für mich den Eindruck, dass die Kommission nicht den nötigen politischen Willen zeigt, um hier entsprechend aktiv zu werden, um dafür zu sorgen, dass hier eine menschenrechtsfundierte Flüchtlingspolitik auch an der kroatischen Grenze realisiert wird" esou de Prof. Dr. Dietmar Köster.

5 Leit aus Afghanistan a 6 aus Pakistan goufe virun e puer Woche bei de Séie vu Plitvice, an de Bëscher vum engem Nationalpark, vun der kroatescher Police opgegraff.

"Si goufe géint 11 Auer owes festgeholl, an Handschelle geluecht, d’Féiss zesummegebonnen a si goufe ronderëm Beem gestréckt. 5 bis 6 Stonne laang goufe se geschloen, humiliéiert, carrement gefoltert, ier se zréck op déi bosnesch Grenz bruecht goufen. Déi Leit, déi mir interviewt hunn, hunn ons och erzielt, d’Police hätt gesongen a wier ronderëm si gedanzt", erkläert d'Jelena Sesar.

Vill vun deene Leit goufe mat engem stompege Géigestand um Kapp verwonnt a si hate Wonnen iwwert de ganze Kierper verdeelt.

"Fir déi Leit war et en aussergewéinlech traumatescht Erliefnes. Si stounge ronderëm ze bludden, ënner Stress. An dunn huet ee Polizist Mayonnaise, Zocker a Ketchup aus engem Rucksak geholl a si kruten dat an d’Wonne gedréckt. Anerer krute Mayonnaise an d’Box gesprëtzt – alles fir se ze humiliéieren", fiert de d'Jelena Sesar weider.

Der EU feelt de politesche Wëllen, eng mënscherechtsfundéiert Flüchtlingspolitik ëmzesetzen, erkläert de Lëtzebuerger Parlamentarier Charles Goerens. "Recht op Asyl ass e fundamentaalt Recht, an dat ze verweigeren, dat ass e Verstouss géint Konventiounen, déi och Kroatien ënnerschriwwen huet."

"Man muss schon fast den Eindruck haben, die europäische Kommission steckt mit den kroatischen Behörden unter einer Decke, um dieses Problem nicht auch wirklich dann öffentlich bekannt zu machen und auch deutlich zu machen, dass leugnen nichts hilft.  Es gibt im Augenblick keinen unabhängigen Überwachungsprozess an der Grenze. Das ist etwas, was wir als Europaparlamentarier und auch im [...] Innenausschuss eingefordert haben. Und da werden wir auch nicht locker lassen" kritiséiert den Dr. Köster.

Schonn deemools am Januar wollte mer eng Reaktioun kréie vum Lëtzebuerger Ausseminister, wat déi schwéier Virwërf vu Verbrieche géint d’Mënscherechter op der kroatescher Grenz ugeet. No Ronderëm-de-Bräi-Geréiers huet et geheescht, u sech wier et kee bilateraalt Thema, mä et misst tëscht der EU a Zagreb zu enger Léisung kommen.

Dat gesäit den Dr. Köster awer anescht. "Beim Respekt und bei der Anerkennungen auch für die Arbeit des luxemburgischen Aussenminsiters würde ich doch an dieser Stelle sagen, dass die Stimme, die darauf hinweist, dass hier etwas vollkommen aus dem Ruder läuft, hilfreich ist. Auch wenn dies nicht sofort dazu beiträgt, das Problem abzustellen. Ich hoffe, dass er sich noch hier zu einer klaren Positionierung durchringt. Es ist natürlich klar, Luxemburg alleine wird das nicht lösen können, weil das ist natürlich auch ein Problem, wo Deutschland und Frankreich vorangehen müssen und auch die anderen Mitgliedsstaaten mitziehen müssen"

A Kroatien huet sech näischt geännert zanter de Walen e Sonndeg: déi selwecht rietsnationalistesch Clique ronderëm de Plenkovic ass weiderhin un der Muecht. Eent vun den Ziler ass et nach ëmmer Deel vum Schengenraum ze ginn – en elitäre Clibbchen, wou awer kloer Reegele gëllen. Wa weiderhi keng Kontroll a Kroatien soll zougelooss ginn, kann dat och zu enger Enquête féieren, dat wéinst Verstéiss géint de Bäitrëttsvertrag.

"Wichtig ist auch und da werden wir als Europaparlamentarier weiter am Ball bleiben, das Thema immer wieder aufzugreifen in den jeweiligen Fachausschüssen, die Kommission damit konfrontieren. Und wir werden die Kommission nicht aus der Verantwortung lassen. Und ich wünsche und ich hoffe von der deutschen Ratspräsidentschaft, dass auch in dieser Frage Fortschritte erzielt werden" seet den Dr. Köster.