Zu London ass e Mëttwoch aus bis elo ongekläerte Grënn e Kran op e puer Haiser gefall.

Op d'mannst 1 Persoun ass beim Ongléck ëm d'Liewe komm, 4 weider Persoune si blesséiert ginn, wéi d'Rettungsdéngschter aus der brittescher Haaptstad matgedeelt hunn. 2 Persoune si mat Blessuren um Kapp an d'Spidol komm.

Wéi d'Pompjeeë mellen, ass den 20 Meter héije Kran op ee Méifamilljenhaus an op zwee Reienhaiser gefall. D'Ursaach vum Accident ass nach net bekannt.

D'Ongléck ass am Oste vu London, méi genau am Staddeel Bow, geschitt.