D'Pompjeeë vu Bonn haten een aussergewéinleche Rettungsasaz en Donneschdeg de Mëtten.

Am Staddeel vu Bonn Bad Godesberg ass een 4 Joer alt Meedchen mat sengem Kapp tëscht engem Betonspilier an enger Glasfassade hänke bliwwen.

E Rettungsversuch mat Seef war net gelongen.

Mat engem speziellen Asazkëssen ass et schliisslech de Secouriste gelongen, d'Meedchen aus der onglécklecher Lag ze befreien.

D'Kand gouf net verletzt, ass awer an d'Klinik gefouert ginn, fir sécher ze goen.