D'Iewescht Verwaltungsgeriicht huet der Hagia Sophia hire Status als Musée entzunn.

Dat huet d'Noriichtenagence Anadolu um Freide Mëtte gemellt. Domat ass elo de Wee fräi, fir déi ursprénglech Kierch aus der Zäit vum Byzantinesche Räich, déi méi spéit als Moschee genotzt gouf, nees fir moslemesch Gottesdéngschter opzemaachen.

1934 hat de Regierungsrot op Initiativ vum Mustafa Kemal Atatürk, Grënner vun der tierkescher Republik, decidéiert, datt d'Hagia Sophia an e Musée ëmgewandelt soll ginn. Unhänger vun der islamesch-konservativer Regierungspartei AKP haten awer zanter laangem gefuerdert, datt d'Gebai am vun der Unesco als Weltkulturierwe klasséiert historeschem Véierel vun Istanbul nees als Moschee genotzt géif ginn. Eng ONG hat eng deementspriechend Plainte gemaach, no där d'Decisioun vun der deemoleger Regierung um Freiden als ongëlteg erkläert gouf.

D'Unesco hat d'Tierkei am Virfeld vum Urteel opgefuerdert, mat hir an den Dialog ze trieden, iert Verännerunge géife gemaach ginn. Dës missten onbedéngt iwwerpréift ginn.

D'Hagia Sophia (gr. "Helleg Wäisheet") gouf am 6. Joerhonnert gebaut an huet wärend bal engem Joerdausend als gréisste Gotteshaus vum Chrëschtentum an Haaptkierch vum Byzantinesche Räich gegollt. Wéi Konstantinopel 1453 vun den Osmanen eruewert gouf, huet de Sultan Mehmet II. d'Hagia Sophia an eng Moschee ëmgewandelt a 4 Minaretten dobäigesat.