Um 11. Juli viru 25 Joer war et ee vun de schlëmmste Verbriechen an Europa zanter dem 2. Weltkrich.

An enger klenger Stad mam Numm Srebrenica am Oste vu Bosnien-Herzegowina goufen iwwer 8.000 muslimesch Jongen a Männer vu serbesche Verbänn ëmbruecht, eng grouss Tragedie an der europäescher Geschicht.

Gedenkdag u Srebrenica / Rep. Tim Morizet

Nach ëmmer feelt all Spuer vun iwwer 1.000 bosnesche Moslemen, an dat 25 Joer no engem vun de gréisste Verbriechen nom 2. Weltkrich. Deemools goufe vum 11. Juli 1995 un iwwert e puer Deeg zu Srebrenica iwwer 8.000 bosnesch Moslemen am Alter tëscht 13 a 94 Joer vu Serben ëmbruecht. D'Läiche goufe verschäert – alles gouf gemaach, fir déi grausam Doten ze vertuschen.

D'Stad Srebrenica, deemools, war eng UN-Schutz-Zon, an där sech geflüchte Bosnier a Sécherheet gespuert hunn. Serbesch Milize marschéieren, ouni Virwarnung laanscht déi hollännesch sougenannte Blo-Helm Zaldote. Iwwer 2,2 Millioune Mënschen si wärend dem Bosnien-Krich geflücht, en Deel dovun och op Lëtzebuerg. Iwwer 100.000 sinn ëm d'Liewe komm. Et ass d'Zäit, wou de Vill-Volleksstaat Jugoslawien lues a lues auserneefält.

E puer dausend Serben a Mosleme liewen haut nach zesummen an der Stad, déi komplett verkomm ass.

Fir e richtege Fridden aus der Siicht vun de bosnesche Moslemen ze garantéieren, wier et wichteg, datt Serbien de Vëlkermord unerkennt. E Wuert, dat een awer op der anerer Säit vun der bosnescher Grenz net gären héiert.

Fir hir Dote sinn de fréiere bosnesche Serbeleader Radovan Karadzic an de Militärchef Ratko Mladic zu Den Haag fir hir Krichsverbrieche schëlleg gesprach ginn an zu Liewenslänglech verurteelt. An den Ae vu ville Serbe gëtt de Mladic awer nach ëmmer als en Held gefeiert.

E Samschdeg um 25. Joresdag ginn d'stierflech Iwwerreschter vun 9 weidere Persounen, déi an de leschten 12 Méint fonnt an identifizéiert goufen, vun hire Famillje begruewen. Och si si viru 25 Joer engem vun den däischtersten Amenter um europäesche Kontinent ëm d'Liewe komm.

Discours vum Premier Xavier Bettel