Knapp 3 Millioune Leit wieren ofhängeg vun den Hëllefsgidder a Syrien...

Russland a China blockéiere weider humanitär Hëllef vun de Vereenten Natiounen.

D'Negociatiounen ëm en neien Hëllefspak fir déi Regiounen a Syrien, déi net vum Assad-Regimm kontrolléiert ginn, ginn zwar de Weekend elo weider, ma bis ewell refuséiere China Russland all proposéiert Kompromësser.

Knapp 3 Millioune Leit wieren ofhängeg vun den Hëllefsgidder, déi zanter 2014 vun de Vereenten Natioune finanzéiert goufen.