D'Ursaach vum Accident ass bis ewell nach onkloer.

Beim Campen um Bord vum Rhäin, zu Oberhausen-Rheinhausen, ass hënt eng jonk Fra vun 22 Joer ëm d'Liewe komm, wéi hire Campingbus an d'Waasser gerutscht a komplett ënnergaangen ass. Hire Partner krut sech nach aus dem Gefier gerett. Firwat de Campingbus gerutscht ass, ass net gewosst.