Mat enger Stéchwal hunn déi polnesch Bierger um Sonndeg decidéiert, wien hiren neie Staatschef gëtt.

Säi liberale Géigner hat nach laang Hoffnung, ma um Enn konnt de konservative President sech duerchsetzen. Den Andrzej Duda huet d'Presidentschaftswalen a Polen gewonnen, esou d'Walkommissioun de Méindeg de Moien, nodeems 99,7% vun de Stëmmen ausgezielt waren. Deemno hätt den Duda 51,2% vun de Wielerstëmme gewonnen, säi Rival Rafal Trzaskowski 48,79%.

Walen a Polen / Reportage Fanny Kinsch

Domat ass d'Positioun vun der national-konservativer PiS, déi den aktuellen an neie President Duda ënnerstëtzt an eleng d’Majoritéit am Sejm (Seym) huet, op d'mannst bis zu den nächste Parlamentswalen 2023 gefestegt. De President gëtt a Polen zwar net den Toun vun der Regierungspolitik un, ka Gesetzprojeten awer per Veto blockéieren.
D'Pole wollten deemno net déi vum Rafal Trzaskowski proposéiert Verännerung, esou de Politolog vun der Collegium Civitas Universitéit zu Warschau, Stanislaw Mocek, ma et war keng staark Victoire fir den Andrzej Duda.

Den Trzaskowski, Warschauer Buergermeeschter vun der zentristescher Biergerplattform PO, hat sech a senger Walcampagne fir en "anert" Polen agesat a versprach, d'Relatioune mat der EU, déi ugespaant sinn zanterdeem d'PiS un der Muecht ass, nees ze retabléieren. Dat virop andeems en déi ëmstridde Justizreform vun der PiS réckgängeg gemaach hätt. Mat sengem staarke Resultat kéint hie sech zu engem Schlësselpersonnage vun der liberaler Oppositioun etabléieren, esou de Politolog Andrzej Rychard op der privater Telechaine TVN24.

D'Course war nämlech ganz knapp. Ëmfroe bei de Walkabinnen haten den Duda e Sonndeg nach nëmme knapp vir gesinn, béid Kandidaten hate sech schonn iwwer d'Resultat gefreet, sot den Andrzej Duda sengen Unhänger um Walowend, hie wier glécklech iwwert seng Victoire, huet de Rafal Trzaskowski gesot, datt warscheinlech nach keng polnesch Presidentschaftswal esou knapp war.

D'Walbedeelegung war mat 67,9 Prozent verhältnisméisseg méi héich. D'Wale waren ursprénglech fir Mee ugesat, goufen awer wéinst der Corona-Pandemie verréckelt. Dem Andrzej Duda seng Popularitéit war an der Tëschenzäit staark gefall, ënnert anerem, well Polen duerch d'Kris fir d'éischte Kéier zanter dem Enn vum Kommunismus an enger Rezessioun ass.

Fir nees Sympathie guttzemaachen, hat den Duda ënnert anerem probéiert, anti-däitsch Ressentimenter an der Gesellschaft auszenotzen an huet däitsche Medien Attacke géint Polen reprochéiert. Iwwerdeems war dem alen an neie President seng Campagne gepräägt vum Bezuch op konservativ Wäerter a verbalen Attacken op Leit, déi sech fir d'Rechter vun homosexuellen, bisexuellen an transgender Persounen asetzen. Polen géif eng LGBT-Ideologie opgezwonge ginn, esou den Duda.

Den Trzaskowski huet méi eng liberal Campagne gefouert: nieft bessere Relatioune mat der EU huet de Warschauer Buergermeeschter sech fir d'Aféiere vu gläichgeschlechtleche Liewenspartnerschaften agesat. Och hie war allerdéngs géint d'Bestietnes oder d'Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen.

Polen zu Lëtzebuerg suivéieren d’Presidentschaftswal

Et war e Kapp u Kapp-Rennen tëscht dem Nationalkonservative President a sengem Géigner Rafal Trzaskowski, dem liberale Buergermeeschter vu Warschau, deen ugekënnegt huet, déi ëmstridde Justizreform vun der PiS nees wëlle réckgängeg ze maachen. D’Raphaëlle Dickes huet nogefrot, wéi déi polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg dës Walen erlieft.

A Polen gëtt en neie President gewielt
Mat enger Stéchwal entscheeden déi polnesch Bierger um Sonndeg wien hiren neie Staatschef gëtt.