Zu Baden-Wüttemberg hat en 31 Joer ale Mann Poliziste menacéiert an hinnen eng Waff geklaut.

An de Bëscher ronderëm d'Uertschaft Oppenau am Schwarzwald ware Spezialunitéiten, Helikopteren a Policehënn e Sonndeg am Asaz, fir nom Verdächtegen ze sichen.

D'Leit an der Ëmgéigend kréie geroden, doheem ze bleiwen. Déi lokal Ermëttler huelen un, dass den 31 Joer ale Mann kee feste Wunnsëtz huet, an de Bëscher lieft a sech dowéinst gutt an där Géigend auskennt. D'Sichaktioun leeft weider op Héichtouren.

Wärend enger Policekontroll e Sonndeg de Moien huet de Mann 4 Beamte mat enger Schosswaff menacéiert. Si goufe geruff, well hinnen e Verdächtegen an enger Hütt mat Feil a Bou gemellt gouf. Hien huet d'Polizisten opgefuerdert, d'Déngschtwaffen néierzeleeën an ass duerno mat enger vun de Waffen an de Bësch gelaf. Wéi d'Police matdeelt, gouf kee blesséiert.

Schonn an der Vergaangenheet ass hien den Ermëttler opgefall, well hien ënnert anerem géint d'Waffegesetz verstouss huet. D'Beamte vun der Police huelen un, dass eng "grouss Gefor" vum Mann ausgeet, hu si n-tv e Méindeg géintiwwer matgedeelt. Wéi et schéngt, wier hie verréckt no Waffen. A senger leschter Wunneng, an där hie Locataire war, hat hien e Schéissstand opgeriicht. Dat huet de Proprietär den däitsche Medie géintiwwer gesot.