Geschitt ass de Virfall an enger Ziichtung bei Merville, am Norde vu Frankräich. Traurege Bilan: 70% vun den Déieren si verbrannt.

D'Pompjeeën, déi op der Plaz waren, schwätze vu bëssen iwwer 12.000 Jippelcher, déi een nach konnt vun de Flame retten.

De Noutruff, dass e landwirtschaftlecht Gebai vu ronn 1.500 m2 géif brennen, goung e Méindeg de Mëtteg bei de Pompjeeën aus der Regioun eran. Méi wéi 32.000 Déieren a Stréi goufen hei gehalen, respektiv gelagert.

Eng Persoun gouf beim Virfall liicht blesséiert. Wéi et heescht, géifen déi Jippelcher, déi iwwerlieft hunn, elo vun engem Veterinär kontrolléiert ginn an da gëtt gekuckt, wat mat hinne geschitt, esou den SDIS.