Den US-Fligerproduzent Boeing produzéiert an 2 Joer keng Groussraumfligere méi vum Modell Jumbo Jet 747.

Dat huet de Konzern e Mëttwoch matgedeelt. Am Joer 1970 ass dës Boeing a Betrib agaangen a war wärend laanger Zäit de gréisste Passagéierfliger vun der Welt. An der Maschinn ass Plaz fir 600 Persounen.

Wéinst dem héije Kerosin-Verbrauch wieren dës Fligeren net méi rentabel. Vill Fluggesellschafte setze mëttlerweil nees méi op kleng Maschinnen.

Schonn am Februar 2019 hat Airbus ugekënnegt, de grousse Fliger A380, de gréisste Konkurrent vun der Boeing 747, net méi hierzestellen.

Donieft huet d'Boeing e Mëttwoch op de massive Réckgang vum Fluchverkéier opmierksam gemaach, deen duerch d'Corona-Pandemie ausgeléist gouf a laangfristeg Auswierkunge wäert op d'Kris vun der Loftfaart hunn.