Tëscht 2 an 2,5 Millioune Leit sollen a Frankräich d'Applikatioun fir den Traçage vum Corona-Virus erof gelueden hunn.

Dat huet de Staatssekretär vum Digitalen, de Cérdic O, annoncéiert. Et wier awer nach ze fréi fir e Bilan ze zéien, huet hie präziséiert.

D'Applikatioun ass allerdéngs ëmstridden. Engersäits, duerch hire Prinzip, an awer och d'technesch Decisiounen déi d'Regierung getraff huet. Anersäits betounten d'Kritiker d'App wier net nëtzlech genuch par Rapport zu de Risken, wéi notamment de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën.