En Donneschdeg ass eng Trägerrakéit mam Rover "Perseverance" vun der Nasa gestart, mat der Missioun de Planéit Mars ze erfuerschen.

Et ass déi éiergäizegst Missioun um roude Planéit an eng Première an der Weltraumfuerschung. Et geet vum Cape Canaveral Richtung Mars an d'Rees ass eng 480 Millioune Kilometer laang. 7 Méint ass d'Rakéit ënnerwee, en Donneschdeg géint 13.50 eiser Zäit ass d'"Perseverance" gestart.

Den 18. Februar soll d'Rakéit landen, dat nach virun där chinesescher, déi d'lescht Woch gestart ass. Fir ee ganzt Mars-Joer, dat sinn 687 Deeg op der Äerd, sollen d'Maschinnen vun der "Perseverance" de Planéit ënnersichen.

D'Rover, also d'Gefier wat um Mars zirkuléiert, ass net mat Leit, mee mat Mikroen, engem zwee Meter laangem Roboteraarm a mat ronn 20 Kameraen equipéiert. D'Maschinn huet och ee Laser-Spektrometer mat deem de Buedem an d'Sténg um Mars analyséiert kënne ginn.

D'Rakéit soll an engem Krater landen, de Jezero, wou fréier ee Floss-Delta war. Fuerscher mengen, datt et a Flëss Unzeeche vu mikrobeschem Liewe kéinte ginn. Déi kéinten dann an den alen, dréchene Flëss ze fanne sinn. D'Prouwe vu Mars ginn dann op d'Äerd zréck bruecht, wou se dann analyséiert ginn.