En Donneschdeg hat den US-President op Twitter d'Fro gestallt, ob een net d'Wale wéinst der Corona-Kris verréckele soll.

Wéinst der Pandemie wäerten d'Presidentschaftswale warscheinlech vill iwwert Bréifwal verlafen. Dat wier dem Trump no ze geféierlech an hie fäert Bedruch.

E puer Stonnen no sengem Tweet huet den US-President dësen awer relativéiert. Hien wéilt net den Datum réckelen, mee hie wéilt och net 3 Méint waarde mussen, bis festgestallt géing ginn, dass all d'Walziedele feelen an d'Wal keng Bedeitung méi hätt. Den Trump seet och ëmmer nees, dass duerch d'Bréifwal massiv géing gefuddelt ginn. Beweiser dofir bleift hien awer och nach ëmmer schëlleg.

Den Trump huet ëmmer manner Ënnerstëtzung an den USA. Sondage weisen, dass hie wäit hannert sengem demokratesche Rival, dem Joe Biden steet, soudass d'Wale fir den Trump am Moment net gutt ausgesinn. Géing lo gewielt ginn, kéint hien op méi ewéi 10 Prozent Ënnerscheet verléieren, sou verschidde Sondagen.

Den amerikanesche Kongress huet och séier op dem Donald Trump seng Ausso reagéiert. Demokraten esou wéi Republikaner hunn d'Propos, d'Walen ze verréckelen, staark ofgeleent. Walen op federalem Niveau kënnen an den USA just verréckelt ginn, wann den US-Kongress, dat heescht de Senat, esou wéi d'House of Representatives géingen dofir stëmmen. Souguer de Mitch McConnell, Fraktiounschef vun de Republikaner am Senat, huet drop reagéiert a gesot, dass et an der Geschicht vun de Vereenegte Staaten net duerch Kricher, net duerch Rezessiounen an net duerch de Biergerkrich jeemools eng Wal net pünktlech ofgehale gouf an dass ee géing e Wee fannen, fir d'Walen den 3. November duerchzeféieren.

Vill Kritiker sinn der Meenung, den Trump wéilt d'Wale scho schlecht schwätzen am Fall vun enger Néierlag, déi am Moment als warscheinlech gëllt.

Den demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen, den Joe Biden, hat ewell Enn Abrëll gewarnt, dass den Donald Trump géing versichen, d'Walen ze verréckelen. Den Trump hat d'Ausso deemools als Propaganda bezeechent.