Am Uganda ass ee Mann zu 11 Joer Prisong verurteelt ginn, well hien ee Bierggorilla an aner wëll Déieren ëmbruecht huet.

Ëmkomm ass de ronn 25 Joer ale Gorilla Rafiki am Bwindi-Impenetrable-Nationalpark de leschte Mount. Hie war de Kapp vun enger Famill vu 17 Gorillaen. Den Autoritéiten no seet de Verurteelten, hien hätt de Gorilla aus Noutwier erschloen.

D'Autoritéite vum Schutz fir wëll Déiere schwätze vun engem "schwéiere Schlag" fir den Naturschutz. De Bierggorilla gouf 2018 op d'Lëscht vun de kritesch menacéierten Déieren opgeholl. D'Populatioun vun de Gorillaen ass an der Lescht och an d'Luucht gaangen.

De Liewensraum vun de Bierggorillaen ass ee protegéierten Terrain vu bal 800 Quadratkilometer an der Demokratescher Republik Kongo, a Ruanda an Uganda.