Viru knapp zwee Joer ass zu Genua d'Morandi-Autobunnsbréck an e Koup gefall. 43 Mënsche koumen dobäi ëm d'Liewen.

E Méindeg den Owend ass déi nei Bréck ageweit ginn. Bei der Zeremonie waren den italienesche President Mattarella an de Premier Conte mat derbäi. D'Feierlechkeet ass an engem klenge Kader organiséiert ginn, fir den Affer ze gedenken, déi 2018 beim Ongléck gestuerwe sinn.

45 Meter héich a gutt ee Kilometer laang ass d'Stol- a Bëtong-Konstruktioun. Déi nei Bréck, déi vum Architekt Renzo Piano entworf gouf, gouf an engem Rekord-Tempo opgeriicht - och wärend de Corona-Méint. An 2 Deeg soll d'Strooss fir de Verkéier opgoen.

D'Biller vu virun 2 Joer si ronderëm d'Welt gaangen a gëllen och haut nach als Symbol fir déi marod Infrastruktur an Italien.