Engem groussen SOS-Hëllefsruff am Sand kënnen 3 vermësste Seegler hiert Liewe verdanken, déi vun der australescher Marinn entdeckt goufen.

E Schëff vun der Marinn a Militärfligeren aus Australien haten déi 3 Leit op Pikelot Island a Mikronesien lokaliséiert. Dat deelt den australesche Verdeedegungsministère zu Canberra mat.

Wéi déi australesch Zeitung "The Canberra Times" schreift, hätt een den Hëllefsruff aus der Luucht gesinn a wier esou opmierksam op déi 3 Seegler ginn, déi zanter 3 Deeg vermësst goufen. Si wiere mat engem 7 Meter laange Boot a Richtung Pulap Atoll vum Wee ofkomm. Kuerz dorobber hätte si kee Sprit méi gehat.

Déi 3 Männer goufe vun engem Helikopter eraus mat Liewensmëttel a Waasser versuergt. Hinne geet et den Ëmstänn entspriechend gutt.

© AFP