De Chef vun der Etüd fäert, datt 30-Järeger no 10 Joer d'Organer vun engem 60-Järegem hunn, esou guer bei liichtem Krankheetsverlaf.

A Schleswig-Holstein gëtt iwwert déi nächst 2 Joer erfuerscht, wéi ee laangfristegen Effekt eng Infektioun mam neiaartege Corona-Virus op de Kierper huet. De Chef vun der sougenannter COVIDOM-Etüd, de Professer Stefan Schreiber, geet dovunner aus, datt Entzündungen am Zesummenhang mam Covid-19 d'Organer esou krass attackéieren, datt se doduerch méi séier al ginn, an dat esou guer bei engem liichte Krankheetsverlaf.

All Infizéierte ka matmaachen

D'Ekipp ronderëm de Stefan Schreiber zu Kiel krut am Juni eng Ënnerstëtzung vu 780.000€ vum Fuerschungsministère accordéiert. Jiddereen, deen a Schleswig-Holstein wunnt a sech mam SARS-CoV-2 infizéiert huet, ka bei der Etüd matmaachen. An enger éischter Phas ginn Interviewen iwwer Telefon gemaach, duerno gëtt de Leit hire gesondheetlechen Zoustand op der Plaz gecheckt an iwwert e längeren Zäitraum gi Biller vun hiren Organer gemaach.

Am Mëttelpunkt stinn d'Long, d'Häerz, d'Nieren, d'Liewer, de Stoffwiessel an d'Nervesystem. D'Patiente selwer an hir Hausdoktere kréien iwwerdeems alleguer d'Donnéeën aus den Ënnersichungen, déi am Kader vun der Etüd gemaach ginn.

An enger éischter Phas ginn d'Patiente wärend 24 Méint begleet. Wéi de Stefan Schreiber der Welt dës Woch an engem Interview sot, wier et awer sënnvoll, wann een d'Leit no 5 an no 10 Joer kéint erëmgesinn a kucken, wéi een Impakt d'Infektioun mam Virus bis dohinner hat.

Immunsystem schléit Alarm

D'Erkenntnisser, déi ee bis elo iwwert de Virus hätt, deiten am Schreiber sengen Aen nämlech drop hin, datt de Kierper nawell eng behale kéint. Covid-19 wier eng sougenannten Endothelkrankheeet, dat heescht, se attackéiert d'Wänn vun de Bluttgefäässer.

Vun Autopsie géif ee wëssen, wéi staark d'Bluttgefäässer géifen attackéiert ginn, seet de Wëssenschaftler. Vill Zelle géife stierwen, wat d'Immunsystem alarméiere géif, an dat géif zimmlech radikal reagéieren. Beschiedegt Tissue géifen isoléiert an dann zerstéiert ginn, fir datt se nees nei opgebaut kéinte ginn.

Wann dat awer esou groussflächeg passéiere géif, géif dat fir immens Opreegung suergen, an den Effekt géif sech selwer verstäerken. No der Krankheet kéinten d'Schied an der Reegel nees reparéiert ginn, ma de Stefan Schreiber ka sech net virstellen, datt d'Wänn vun de Bluttgefäässer keng zréckbehalen, wat sech dann och nees op déi aner Organer auswierke géif.

Gutt Nouvelle

Et kann een zwar Organer, déi méi al gi sinn, net nees méi jonk maachen. Ma et kéint een awer ganz effikass eppes géint d'Auswierkungen dovunner ënnerhuelen, esou de Schreiber. Interniste kenne sech nämlech gutt mat Krankheeten aus, déi duerch d'Méi-al-ginn vun den Organer ausgeléist ginn. Dat kéint zum Beispill héije Bluttdrock oder Resistenz géint Insulin ausléisen, wat ee mëttlerweil gutt mat Medikamenter behandelen, an domat d'Liewenserwaardung vun de Patiente verlängere kann.

Dofir wier et wichteg, sech esou séier wéi méiglech e Bild iwwert déi laangfristeg Konsequenze vun enger Corona-Infektioun ze maachen. Da kéint ee präventiv Ënnersichunge bei deene Leit maachen, déi eng Infektioun iwwerstanen hunn, an iwwert bekannten Therapie verhënneren, datt si méi jonk stierwen, wéi Leit, déi sech net infizéiert hunn.