Um Dënschdeg den Owend goufen et 2 Explosiounen zu Beirut um Hafen. 100 Doudeger ginn et op d'mannst ze bekloen an iwwer 4.000 Blesséierter.

Et gëtt weider no Iwwerliewend gesicht, Secouristen an d'Spideeler sinn iwwerfuerdert, sou heescht et vun der Plaz.

Ausléiser kéint en groussen Depot mat iwwer 2.700 Tonnen Ammonium-Nitrat gewiescht sinn, sou déi libanesesch Autoritéiten.  Dës Substanz, déi bei méi héijen Temperaturen kann detonéieren, war schonn Ausléiser vun déidlechen Explosiounen a China am Joer 2015. Den Ammonium-Nitrat deen zu Beirut loung, war viru 7 Joer op engem Schëff saiséiert ginn, dat wéinst Sécherheetslacunnen. E gouf dunn awer, wéi et schéngt,  och net anstänneg an enger Lagerhal deponéiert. Dat wier net ze vertrieden, sou e rosene libaneseschen Premier. No de Responsabele géif gesicht ginn.

Fir Beirut gouf elo fir zwou Wochen den Noutstand ausgeruff.

De libanesesche President Michel Aoun huet de 5. August zum nationalen Trauerdag am Libanon deklaréiert an d'Regierung kënnt fir eng Drénglechkeetssëtzung beieneen.

Vill Länner hunn hier Condoleancen ausgeschwat an Hëllef ugebueden. Aus der EU, aus den USA... och Israel huet humanitär Hëllef offréiert, formell ass Israel nach ëmmer am Krich mam Noper. Hëllef ass och batter néideg, de Libanon ass den Ament nämlech an enger schwéierer ekonomescher a politescher Kris.

D'Explosioune waren en Dënschdeg am fréien Owend. Si waren am ganze Land ze héieren, souguer op Zypern 240 Kilometer ewech.

D'Schockwell huet dozou gefouert, datt Butteker, Gebaier, Fënsteren an Autoen an der Géigend, och e puer Kilometer weider, beschiedegt goufen.

Op d'mannst 100 Persoune sollen d'Explosioun net iwwerlieft hunn, esou de leschte Bilan, deen awer nach riskéiert ze klammen. Iwwer 4.000 Leit goufe blesséiert.

Uschlag oder Accident? Donald Trump widdersprécht libanesescher Regierung

Anescht wéi d'libanesesch Autoritéiten ass den US-President der Meenung, dass eng Bomm hannert dem Ongléck stieche kéint: "Et gesäit aus wéi e schrecklechen Ugrëff", sou den Trump bei enger Pressekonferenz am Wäissen Haus. Op Nofro hin huet hien erkläert, dass hie sech op d'Aussoe vu senge Genereel bezitt. Et hätt net den Uschäin, wéi wann et en Accident gewiescht wier, mä éischter en Ugrëff, sou d'Genereel.