D'Stad steet um Mëttwoch de Moien nach ënner Schock a gouf zum Katastrophe-Gebitt deklaréiert.

Zu Beirut sinn de leschten Informatiounen no op mannst 137 Mënschen an zwou heftegen Explosiounen am Hafen ëm d'Liewe komm. Méi wéi 5.000 Leit si blesséiert ginn. Bis zu 300.000 Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp. Secouriste sichen no den zerstéierte Gebaier weider no Iwwerliewenden.

Déi genee Ursaach bleift nach onkloer. Méiglecherweis gouf d'Detonatioun duerch Ammonium-Nitrat ausgeléist, deen am Hafen vun der libanesescher Haaptstad stockéiert war.

05/08/2020 Libanon Band

Dat huet bis elo de libanesesche Premier Hassan Diab erkläert. Näischt deit den Ament op ee politeschen Hannergrond hin, och wann den amerikanesche President Donald Trump vun enger Zort Bomm geschwat huet.

Zanter 2014 louchen eng 2.750 Tonnen vun där Substanz am Hafe vun der Stad, an där bis zu 2,4 Millioune Leit liewen. Ammonium-Nitrat ass e Salz a gëtt fir d'Produktioun vun Dünger mä och Sprengstoff genotzt. D'Substanz ass bei falscher Lagerung héich explosiv.

Wéi et heescht, géif den Ammonium-Nitrat vun engem Cargoschëff aus Georgien kommen, dat 2013 wéinst Sécherheetsproblemer vun de libaneseschen Autoritéite verbuede krut weiderzefueren. D'Crew konnt no engem juristesche Sträit um Enn ausreesen. Dat confisquéiert Schëff a seng geféierlech Fracht sinn zréckbliwwen.

Firwat d'Substanz explodéiert ass, ass bis elo nach net gekläert. Villes deit awer op Sécherheetslacunne bei der Lagerung hin. Wéinst deene wuel ganz séier d'Fro no der politescher Verantwortung gestallt wäert ginn.

Bis um Mëttwoch de Moien houng décken Damp iwwert der Stad. Reporter op der Plaz no géif et ausgesinn wéi nom Krich. D'Drockwell vun der enormer Explosioun, där hir Biller ëm d'Welt gaange sinn, huet Kilometeren ewech nach Fënstere gebrach. D'Hallschent vu Beirut ass beschiedegt. Dat staatlech Elektrizitéitswierk ass komplett zerstéiert ginn.

D'Spideeler si wéinst de villen Affer iwwerfëllt. Wéi et heescht hätte Blesséierter missen ofgewise ginn.

D'Explosioun war sou staark, datt se souguer nach 200 Kilometer ewech op Zypern, mat enger Stäerkt vun 3,5 Punkten ze spiere war.

D'USA, Frankräich, d'Golfstaaten, Jordanien, den Iran a souguer Israel, dat offiziell nach ëmmer mam Nopeschland am Krich ass, hunn dem Libanon hir Hëllef offréiert a schécken Secouristen a Material. De President Michel Aoun wëll ëmgerechent 55 Milliounen Euro Nouthëllef deblockéieren. De Schued vun der Explosioun gouf op 3 bis 5 Milliarden US-Dollar chiffréiert. Paräis huet ënnert Anerem matgedeelt, dass mindestens 21 vun deene Verletzte Fransouse wieren.

De Libanon stécht den Ament an enger déiwer politescher a wirtschaftlecher Kris. Réischt hunn Demonstrante probéiert, fir den Energieministere no wochelaange Stroumausfäll ze stiermen. Bal d'Hallschent vun der Populatioun lieft ënnert der Aarmutsgrenz, dat libanesescht Pond ass am fräie Fall an de Chômage klëmmt. D'Kris huet sech déi lescht Méint duerch d'Corona-Pandemie just nach verschlëmmert.

Accidenter respektiv Explosioune mat Ammonium-Nitrat gouf et och schonn an der Vergaangenheet. 2001 sinn zu Toulouse 31 Mënsche gestuerwen, wéi 300 Tonne vun der Substanz an enger Chimiesfabrick explodéiert sinn. An am Texas sinn 2013 15 Leit an enger Explosioun an enger Fabrick fir Düngemëttel ëmkomm.

D'Libanesin Nathalie Brans, déi zu Lëtzebuerg wunnt, war den Ament vun den Explosiounen zesumme mat hirem Mann an hirem Jong zu Beirut an der Vakanz. Hir Famill blouf, ausser Materialschied, verschount, ma ganz vill Frënn hätten net déi selwecht Chance gehat. Eent wier sécher, d'Explosiounen hätten d'Stadbild komplett verännert, wéi si e Mëttwoch de Mëtteg am RTL-Interview erkläert huet.

Explosiounen Beirut

Am Ufank wiere si nach vun engem Äerdbiewen ausgaangen, mä hir wier séier kloer gewiescht, datt et sech ëm eng Explosioun handelt. E Geräisch, dat Si nach aus dem Krich kenne géif.

Explosiounen Beirut