Bei der Vereedegung vum polnesche President hunn Oppositiounspolitiker sech a Reeboufaarwen ugedoen, fir géint seng homophob Politik ze protestéieren.

En Donneschdeg hu sech verschidden Oppositiounspolitiker wéi de Fändel vun der LGBT-Communautéit ugedoen, wéi ee Reebou. Och d'Masken hunn ausgesi wéi ee Reebou.

De President Andrzej Duda gouf erëmgewielt a vun den Deputéierte vun der Regierungspartei Recht a Gerechtegkeet (PiS) mat Applaus empfaangen. Den nationalkonservativen Duda huet Stëmme kritt, wéi hien d'lesbesch, schwul, bisexuell an transgender Communautéit attackéiert huet.

Dëst ass net déi eenzeg Protestaktioun. Demonstranten hunn e Mëttwoch Statuen zu Warschau a Reeboufändele gewéckelt, dorënner och eng Statue vum Jesus. Si goufe festgeholl a kënne bis zu 2 Joer dofir an der Prisong kommen.