E Samschdeg koum et op enger beléifter Vakanzendestinatioun op der belscher Plage zu enger gréisserer Kläpperei. Dat hat gréisser Repercussiounen.

Direkt e puer Dose Leit waren am Coup. Et ass nach net gewosst, wat den Ausléiser vun der kierperlecher Ausernanersetzung war.

A Videoen ass ze gesinn, wéi Persoune Sand, Sonneprabbelien an aner Objeten duerch d'Géigend geheien. Op de Biller, déi an de sozialen Netzwierker zirkuléieren, ass esouguer z'erkennen, dass e Polizist mat engem Sonneprabbeli ugegraff gouf.

D'Police vu Blankenberge krut Ënnerstëtzung vu Beamten aus anere Regiounen, fir d'Situatioun nees ënner Kontroll ze kréien. Mat Bléck op dës Eskalatioun hat d'Buergermeeschtesch Daphné Dumery eng Krisencellule um Samschdeg den Owend aberuff. "Dat kann net undaueren. Mir mussen alles maachen, wat mir kënnen, fir d'Sécherheet op eiser Plage garantéieren ze kënnen", sou d'Daphné Dumery an de soziale Medien.

Blankenberge a Knokke reagéieren, Gare zu Ostende gëtt awer net zougemaach

Um Samschdeg den Owend gouf dann och decidéiert, dass Touristen, déi just 1 Dag bleiwen, zu Blankenberge elo  mol dëse Sonndeg net erwënscht sinn. D'Gemeng huet souguer gefuerdert, dass d'Gare tëscht 9 an 16 Auer net méi soll ugefuer ginn.

Och Knokke huet reagéiert... do si bis op Weideres och keng 1-Dages-Touriste méi wëllkomm. Zu Knokke kënnt et an der Lescht och ëmmer nees zu Ausernanersetzungen.

Och zu Ostende wiisst d'Angscht virun dausenden Dages-Touristen. Bei ganz guddem Wieder géife ronn 15.000 Touristen eleng mam Zuch op Ostende reesen. Dat wier einfach ze vill, seet de Buergermeeschter Bart Tommelein. Déi 3 beléiftste Stränn hätte just eng Kapazitéit fir 15.0000 Touristen... dat géif een net méi gereegelt kréien. Den Tommelein huet déi belsch Bunn gefrot, keng Spezial-Zich méi a Richtung belsch Côte unzebidden. D'Gare zu Ostende sollt eigentlech um 11 Auer zougemaach ginn, ma déi Decisioun gouf nees zeréckgeholl. Et ass awer den Appell un d'SNCB, net méi Passagéier ze transportéieren, wéi am Zuch zougelooss sinn.