Well den US-Kongress sech net op en neie Konjunkturpak eenege konnt, huet de President op Eegeninitiativ gehandelt an en Dekret ënnerschriwwen.

Via dëst sollen déi nei Corona-Hëllefe gereegelt ginn.

Am Dekret soll z.B. stoen, dass Leit déi manner wéi 100.000 Dollar d'Joer verdéngen, eng Kierzung vun der Lounsteier zougestane kréien. Des weidere solle Locatairen net kënne gekënnegt kréien. Eng aner Mesure ass déi, dass Chômeuren eng zousätzlech Hëllef vu 400 Dollar pro Woch zougesprach kréien.

Ob dat alles iwwerhaapt gëlteg ass, ass aktuell onkloer. Et muss nach gepréift ginn, ob den amerikanesche President déi finanziell Mëttelen iwwerhaapt verdeelen däerf. Laut Verfassung huet de Kongress nämlech de Pouvoir iwwer Steieren a Staatsfinanzen a muss all Moossname fir d'éischt accordéieren.